$ads={1}
D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert :
Ee Sozialpädagog / Gruppechef (m/f/d)
CDI, 35-40 Stonnen/Woch
Referenz: CT-KT-CG
Fir d’therapeutescht Internat Kannerhaus Tikkun
D'Kannerhaus Tikkun zu Kayl bitt ënnert der Woch (vu sonndes owes bis freides owes) eng intensiv pädagogesch an therapeutesch Betreiung un, fir Kanner vu 6-12 Joer mat emotionalen a Verhalensschwieregkeeten.
D‘Kannerhaus Tikkun ass d’therapeutescht Internat vum Centre thérapeutique a bitt Plaz fir e Grupp vu 6 Kanner. D’Kanner ginn daagsiwwer an der Dagesstruktur La Passerelle betreit a sinn 1 Dag/Woch an der Grondschoul vu Kayl integréiert. Tëschent deenen 2 Ekippe vum Kannerhaus Tikkun an der La Passerelle gëtt et eng enk Zesummenaarbecht.
Missiounen
- aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Internat
- ndividuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Kannerhaus Tikkun
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner
Noutwendeg Kompetenzen
- Diplom vum Educateur gradué, Educateur spécialisé oder Bachelor en sciences sociales et éducatives
- Beruferfarung mat Kanner mat emotionalen an psychesche Stéierungen esou wéi och theoretescht Wëssen an dësem Beräich an/oder d’Bereetschaft sech heira weiderzebilden
- eng Facilitéit an der Aarbecht an enger multidisziplinärer Ekipp an a Kannergruppen hunn
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen
- Fürerschäin B
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire. D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.